— Menü-IDen: Besonnerheeten an automatesch Handhabung
Et ass méiglech eng eidel Menü-ID anzeginn, well dëst als gülteg ID ugesinn gëtt. Wéi all aner Menü-ID muss dës eidel Menü-ID eenzegaarteg sinn.
Kickshaw stellt sécher datt all Menü-IDen nëmmen eng Kéier virkommen, dofir ass eng nei standard Menü-ID déi proposéiert gëtt garantéiert eenzegaarteg. Wann erwënscht, kann een et Kickshaw iwwerloossen all Menü-IDen automatesch ze generéieren. Zousätzlech dozou kann d'Menü-ID-Kolonn och verstoppt ginn. Dëst gëllt och fir d'Execute-Kolonn wann et keng Pipe-Menüe brauch.
— Eriwwerzéien a lassloossen am Konflikt mat editéierbare Zellen
Eriwwerzéien a lassloossen vu Menüelementer ka gemaach ginn andeems een en Element op enger beleibeger Positioun auswielen an d'Eriwwerzéien no der Auswiel starten; well d'Bamusiichtszellen awer heiansdo editéierbar sinn, kéint et sinn datt e Benotzer ongewollt d'Editéiere vun der Zell aktivéiert. Eng sécher Method fir dëst ze verhënneren ass d'Zell an der „Typ“-Kolonn auszewielen well d'Zellen an dëser Kolonn ni editéierbar sinn.
— Optiounen
Et ginn e puer Optiounen déi aus dem Applicatiounsmenü kënne gesat ginn:
1 a) Sécherung maachen ier de Menüfichier iwwerschriwwe gëtt (standardméisseg aktivéiert)
1 b) Tabs fir Anzéiungen am gespäicherte Menüfichier benotzen (standardméisseg aktivéiert)
Wann deaktivéiert, ginn XML-Tagen duerch véier Espace-Zeechen pro Niveau agezunn.
1 c) Basismenü getrennt am gespäicherte Menüfichier halen (standardméisseg aktivéiert)
Wann aktivéiert, enthält d'Basismenü nëmme Linken op Menüen an d'Menüe
selwer ginn iwwer der Basismenü opgelëscht wéi am folgende Beispill:
Wann deaktivéiert, gëtt alles an d'Basismenü gepaackt:
2 a) Execute/Startupnotify-Optioune zortéieren (standardméisseg deaktivéiert)
Dëst déngt dozou eng eenheetlech Reiefolleg vun de Menüsoptiounen ze kréien.
„Execute-Optiounen“ bezéien sech op d'Optioune vun enger „Execute“-Aktioun
(net ze verwiessele mat de vereelezten „execute“-Optiounen).
D'Uerdnung gëtt no dësem Schema gemaach:
<tt> - prompt</tt>
<tt> - command</tt>
<tt> - startupnotify</tt>
<tt>   - enabled</tt>
<tt>   - name</tt>
<tt>   - wmclass</tt>
<tt>   - icon</tt>
Wann dës Astellung aktiv ass, kënnen Optiounen net méi ëmgeuerndent ginn.
2 b) Ëmmer iwwer Execute-Optiounskonvertéierungen informéieren. (standardméisseg aktivéiert)
<tt>„execute“</tt>-Optioune si vereelezt.
<tt>„Execute“</tt>-Aktioune sinn nach ëmmer gülteg.
Déi éischtgenannt ginn automatesch a <tt>„command“</tt>-Optioune konvertéiert.
Eng Noriicht gëtt gewisen wann eng Konvertéierung stattfonnt huet.
3 a) Clientsäiteg Dekoratiounen benotzen (standardméisseg deaktivéiert; Ännerung erfuerdert Neistart)
3 b) Menüsknäppchen amplaz vu Menüsläischt weisen (standardméisseg aktivéiert; Ännerung erfuerdert Neistart)
— Tastekombinatiounen déi wéi „Schalter“ funktionéieren
De „Sichen“-Raster ka mat der selwechter Tastekombinatioun gewisen a verstoppt ginn; dat selwecht gëllt fir d'Opmaachen an d'Zoumaache vun de Fënsteren „Sichen an ersetzen“ a „Tipps“.
<tt>Sichen:             CTRL + F
Sichen an ersetzen: CTRL + H
Tipps:              F1</tt>
D'Fënsteren kënnen och zougemaach gi mat der Escape-Tast.
— Deaktivéierung vun der agebautener interaktiver Sich
Déi interaktiv Sich, déi standardméisseg fir Bamusiichten aktivéiert ass, gouf deaktivéiert zugonschte vun der Sichfunktionalitéit déi vu Kickshaw ugebuede gëtt. Dëst gouf och gemaach well déi interaktiv Sich net richteg an der Konfiguratioun vu Kickshaw funktionéiert.